Skip to main content

Den Online Shop vun de Frënn vun der. Konscht

banner_image

D'Frënn vun der 9. Konscht

D’Uleies vun de “Frënn vun der 9. Konscht” ass et, déi Lëtzebuerger 9. Konscht (sief et BDen, Comics oder Mangaen) souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland ze promouvéieren a méi bekannt ze maachen.

9konscht.lu

Säit 2019 organiséieren an ënnerstëtze mir Projeten:

  • Publikatioune mat Auteuren & Kënschtler
  • Expositiounen
  • Couren & Workshops
  • Meetings: Drink’n Draw , Visitte vun Expoen, …
  • Ëmsetzung & Gestioun vun engem BD-Zentrum mat der Gemeng Contern
  • Collaboratioun mat den Organisateuren vum Festival International de la Bande-Dessinée Contern
  • Erschafe vun Synergie mat aneren Institutiounen, fir kulturell, pedagogesch, an artistesch Aktivitéiten op d’Been ze setzen.

Dir sidd Auteur oder Zeechner a wëllt mat anere kreative Käpp zesumme schaffen?

Dir sidd Bédéphile a wëllt einfach Är Léift fir Comics mat anere Passionéierten deelen?

Dir wëllt Iech mat eis asetzen, fir flott Projeten op d’Been ze stellen, an déi 9. Konscht ronderëm Lëtzebuerg ze promouvéieren? Mir freeën eis op all nei Memberen an Kollaboratiounen!


Weider Infos fannt Dir op eiser Website www.9konscht.lu oder schreiwt eis op 9konscht@gmail.com

Panier

    Votre panier est vide